Schlofen

works Schlofen

Schlofen

Online a Präsenz

Schlof einfach... dat kléngt ze gutt fir wouer ze sinn, oder? De Wee fir méi roueg Nuechte feiert iwwer d‘Wëssen, wéi dem Puppelche säi Schlof funktionéiert. Ech wëll Iech hëllefen d‘Schlofgewunnechte vun ärem Puppelchen ze verstoen!

Et gi vill Mythe ronderëm de Babyschlof an dir hutt warscheinlech deen een oder aner Saz och schonn héieren:

  • `"`Looss hie net just un der Broscht aschlofen, hie muss léieren eleng ze schlofen!`"`
  • `"`Gitt e bësse Pre-Mëllech an et schléift besser!`"`
  • `"`Familljebett, also jiddereen an engem Bett??? Dëst ass vill ze geféierlech! hie muss a sengem eegene Bett a sengem eegenen Zëmmer schlofen, soss kritt dir hien ni méi eraus!`"`
  • `"`Leet et einfach of, et schléift iergendwann!`"`
  • `"`Mësch de Bräi wierklech déck un, am léifste mat Schmelzflocken, da schléift en duerch!`"`
  • `"`Vun 6 Méint u brauchen se an der Nuecht keng Mëllech méi, gitt hinnen einfach Waasser!`"`
  • `"`Et ass är eege Schold wann d‘Nuechte sou ustrengend fir iech sinn, Dir sprangt ëmmer! Loosst et kräischen!`"`

Wow, et ass kee Wonner, datt dir no esou Aussoen net sécher sidd, ob de Schlof vun ärem Puppelchen esou normal ass wéi et ass, an datt dir vläicht och d‘Gefill hutt, datt dir eppes maache musst fir d‘Situatioun ze änneren. Awer ass dat wierklech de Fall? An dësem Workshop iwwert de Babyschlof wëll ech emol méi genee mat iech zesumme kucken, wat genau dat alles heescht, well Puppelcher schlofen anescht wéi Erwuessener. Duerno gëtt den Drock deen dir Iech eventuell opgebaut hutt entlooss an dir sidd gestäerkt, well dir wësst firwat äre Puppelchen sou dacks erwächt, wat är Nuechte méi einfach maache kann, a firwat Schlofléierprogrammer keng Léisung sinn. Wann dir gefrot gitt `"`Schléift hien d‘Nuecht nach net duerch?`"`, äntwert dir zouversiichtlech `"`Nee, natierlech net!`"` d‘Schlofverhalen vun ärem Puppelchen huet en Zweck.

Am Babyschlofworkshop léiert dir:

  • wéi Schlof funktionéiert
  • wéi e séchert Schlofëmfeld fir äre Puppelchen ausgesäit
  • wat, d‘Nuecht duerchschlofen`"` eigentlech heescht a wéini kënnt dir dat vun ärem Puppelchen erwaarden
  • firwat Puppelcher anescht schlofe wéi Erwuessener
  • Wat ass mat ärem Puppelchen datt en sou dacks erwächt?
  • ob Mëllech an der Nuecht Sënn mécht oder net
  • wat fir spannend Saachen d‘Natur sech iwwerluet huet fir iech d‘ Nuechten mei einfach ze maachen
  • firwat Schlofléierprogrammer iech oder ärem Puppelchen net hëllefen

Fir wien ass dëse Workshop geduecht?

  • fir zukünfteg Eltere wärend der Schwangerschaft
  • fir nei Eltere mat Puppelcher an hirem éischte Liewensjoer
  • fir jiddereen deen um Thema interesséiert ass, Grousselteren a Familljememberen