Einfach-Eltern

Einfach-Eltern
Online a Präsenz
Wann dir schwanger sidd, stellt een sech et esou romantesch vir Elteren ze sinn a soubal de Puppelchen do ass, ass alles iergendwéi anescht. Dat muss awer net de Fall sinn! An dësem Workshop kucke mir wéi eng Erwaardunge mir hu wa mir Eltere ginn a wéi realistesch se sinn.
Mir kucken d‘Grondlage fir Elteren ze sinn:
- Firwat schléift hien net oder schléift hien net duerch an der Nuecht?
- Firwat kann en net eleng schlofen?
- Firwat kräischt mäi Puppelchen sou vill?
- Firwat ass et net einfach et ofzeleeën?
- Firwat gefält et him net esou gutt an der Kutsch?
- Firwat drénkt hien esou vill Mëllech an sou oft?
- Firwat wëll e kee Bräi iessen?
- Firwat kann hien sech net laang eleng beschäftegen?
- Firwat huet et sou Trotzufäll?
Ech ginn iech och Léisunge fir all dës Froen:
- Bezéiung a Bindung
- Virbereedung fir d‘Gebuert
- Signaler erkennen a verantwortlech reagéieren
- Bindungsorientéiert Stëllen an d Fläsch ginn
- De Puppelchen droen
- D‘Schlofsituatioun upassen
- Bezéiung amplaz Erzéiung
- Ënnerscheed vu Bedierfnisser a Wënsch
Fir wien ass den Atelier geduecht?
- Fir zukünfteg Eltere wärend der Schwangerschaft
- Fir nei Eltere mat Puppelcher an hirem éischte Joer vum Liewen
- Fir jiddereen deen um Thema interesséiert ass, Grousselteren a Familljememberen