Mëllech

Mëllech
Online a Präsenz
Egal wéi dir äre Puppelche wëllt ernären, ob mat der Broscht oder der Fläsch – an dësem Workshop léiert dir alles wat dir wësse musst iwwer Stëllen a Fläsch ginn.
Egal ob mir Stëllen oder d‘Fläsch ginn ... all Eltere wëllen datt hire Puppelche gutt versuergt gëtt an hir Ernärung sécher a gutt ass. Dir kritt d‘Grondlagen iwwer Stëllen a Fläschemëllesch a mir huelen eis eng Rei Ammenmärercher ënnert d Lupp.
Dëst sinn eis Themen:
- Wat sinn d‘Hindernisser fir Stëllen a wéi kann d‘Stëllen erfollegräich sinn?
- Wat wann ech net Stëllen kann oder net Stëllen well?
- Wéi gëtt genuch Mëllech fir Stëllen produzéiert?
- Wéi wëssen d‘Eltere wann de Puppelchen hongereg ass?
- Wéi oft a wéi laang muss de Puppelche Mëllech kréien?
- Brauch de Puppelchen och an der Nuecht Mëllech?
- Wéi weess ech ob mäi Puppelche genuch Mëllech kritt?
- Wéi eng Liewensmëttel soll ee vermeide beim Stillen?
- Wéi laang brauch de Puppelche Mammemëllech oder Pre-Mëllech?
- Ass de Puppelchen duerch Mëllech verwinnt?
- Kann de Puppelche Koumëllech, Waasser an Téi drénken?
- Den Eisengehalt an der Mammemëllech a Pre-Mëllech
- Kann ech Stëllen wann de Puppelchen Zänn kritt?
- Muss ech ophale mat Stëllen wann ech Medikamenter huele muss?
Fir wien ass dëse Workshop geduecht?
- Fir zukünfteg Eltere wärend der Schwangerschaft
- Fir nei Eltere mat Puppelcher an hirem éischte Liewensjoer
- Fir jiddereen deen um Thema interesséiert ass, Grousselteren a Familljememberen