Welcome Home
Eisleker Haus ass méi wéi just en Raum – et ass eng Plaz vum Häerz, wou d‘Liewe gefeiert gëtt. Hei steet d‘Famill am Mëttelpunkt, an all Generatioun gëtt begréisst, vu Puppelcher bis Grousselteren.

Ech gleewen un d‘Kraaft vun der Bindung an déi gemeinsam Momenter, déi d‘Séil beräicheren. An enger häerzlecher an heemlecher Atmosphär begleeden ech iech duerch d‘Rees vum Elterendasein, durch d‘Schwangerschaft bis bei déi éischt Schrëtt vum Kand.
Mat Workshops, Aktivitéiten an individuell ugepasste Berodungen schafe mir e Raum, wou Freed, Léift an Zesummenhalt wichteg sin. Mir encouragéieren d‘Kanner hir Fantasie ze entdecken, d‘Elteren nei Kraaft ze tanken an d‘Grousselteren déi besonnesch Roll an der Famill ze genéissen.
Am Eisleker Haus gëtt all Stonn e Moment vu Wäert. Ech freeën mech drop, mat iech zesummen ewech vum Alldag schéi Momenter ze schafen, wou jiddereen sech entfale kann – Grouss wéi Kleng.

Iwwert Mech
Ech si Mamm vun zwee Kanner an hunn vill Joren Erfarung als Educatrice. Ech leeën groussen Wäert op Familljebindung, perséinlech Entwécklung a Freed um Liewen. Mat Léift a Passioun hunn mir d‘Eisleker Haus geschaf, en häerzleche Raum fir Grouss a Kleng.
Entdeckt eis Offeren
Coursen
Flott Aktivitéiten fir Elteren a Kanner vun all Alter.
Workshops
Kreativ Atelier’en an thematesch Stonnen fir Grouss a Kleng.
Evenementer
Saisonal Evenementer fir Frënn a Famill.
