Beikost

Beikost

Beikost

Online a Präsenz

Dëse Workshop riicht sech un:

  • Elteren, déi gäre méi Informatioune wärend der Schwangerschaft iwwert Beikost gewuer ginn.
  • Elteren, déi nach amgaang si Beikost anzeféieren.
  • Eltere mat hire Puppelcher am éischte Joer vum Liewen, déi schonn ugefaang hu mat der Beikost.
  • All Familljememberen déi um Thema Beikost interesséiert sinn.

Et gi firgefertegt Pläng, verschidde Recommandatioune vu Spezialisten, eng Onmass Bicher a Rezeptblogs, asw iwwer Beikost a Bräi fir Puppelcher.

An dësem Workshop kritt dir wëssenschaftlech baséiert an aktuell Informatiounen iwwer Beikost an zesumme wäerte mir eng stressfräi a bedierfnisorientéiert Manéier ausschaffe fir ären Start mat der Beikost.

Kaum eppes stresst eis Eltere méi wéi d‘Thema `"`Iessen`"` mat eise Kanner. Mee et ass genee um Ufank, wou mir Elteren Äntwerten op eis Froe fanne wëllen. `"`Wéi a wéini fänken ech u mengem Puppelche fest Narung ze ginn?`"`, Wat dierf mäi Kand iessen a wat net?“ „ Wat ass wa mäi Kand neicht iesse well?“ „Muss ech ofstellen?“….

Follgend Theme gi beschwat:

  • Wéini fänke mir mat Beikost un?
  • Beikostreifezeechen - wéieng sinn et a firwat si se wichteg?
  • Wéi eng Beikostfuerpläng verfollege mir? Verfollege mir der iwwerhaapt?
  • Wéi a mat wat fänke mir un?
  • Wéi eng Liewensmëttel si gëeegent a wéi eng sinn net gëeegent?
  • Bräi a BLW (Baby Led Weaning) - wat sinn d‘Ënnerscheeder?
  • Wéi suerge mir fir d‘Eisenversuergung vun eisem Puppelchen?
  • Mammemëllech, Formula-Mëllech - heescht d‘Aféierung vun der Beikost automatesch d‘Enn vun der Mëllech oder d‘Ofstëllen? A wat drénkt et dann?
  • Mäi Puppelche wëll net iessen, wat elo?
  • Sécherheet an Éischt Hëllef an Iesssituatiounen
  • Alldeeglech Tipps
  • Ausbléck op d‘Crèchenzeit / Friembetreiung